Voila alt erem den Programm vum Infoladen fiir déi next Zäit...
All Donneschdeg owes ass InfoBar an der Schréibs ab 20h. Den 30. Abrell ass den Thema vun der InfoBar HipHop. Kennt (sollt) iech och gaer verkleeden.:)
En Mettwoch den 29.Abrell ass Film-/Infoowend iwwer d' Edelweiss Piraten (antifaschistesch Jugendgrupp an der Geigend vun Köln während dem 2. Weltkrieg).Ab 19h.
Den 9. Mai organiséiert MAR am Infoladen en Infoowend em den Film "Land and Freedom".Ab 19h.
Den Sonndeg 3. Mai ass lecker Vokü, fläit mat Grillen, wann d' Wieder gudd ass.(an duerno rem all zwou Wochen)
!!!!Desen Sonndeg, den 26. Abrell ass Infoladen Velostour mat unschleissender BikePunk Party am Infoladen an vum Infoladen. Dess Keier ass den Wee net grad sou laang em déi 45 km. Vun Beetebuerg aus en Sonndeg um 9h30 iwwer Cattenom an zereck an d' Schréibs...komm mat et gett flott!
Den 23. Mai ass Infoladen Solikonzert vu que datt jo angebrach gin ass. Déi genau Bands an déi genee Platz ginn nach iwwer d Lescht an per Flyeren bekannt gemach!
www.infoladen.lu